Zanter dem 17. November hunn déi grouss Hollywood-Studioen näischt méi op hiren Accounts op der Plattform "X" gepost.

U sech notzen d'Studioe ganz gären déi sozial Medien an hir eegen Accounts, fir iwwert dee Wee Reklamm fir hir neiste Filmer ze maachen. Ma zanter méi wéi 10 Deeg fënnt een op dëse Säiten op der Plattform "X" keng nei Bäiträg.

US-Medien no ass dat awer keen Zoufäll, Schold un dëser Situatioun soll nämlech den "X"-Chef Elon Musk sinn. D'Hollywood-Studioe géife sech vun der Plattform distanzéieren, well se fäerten, datt dëst en negatiivt Ëmfeld fir hir Mark kéint sinn, esou CNN. Offiziell hu sech Vertrieder vun ënner anerem Sony Pictures oder Warner Bros. nach net dozou geäussert.

Mëtt November gouf de Ruff vun "X" direkt zwee Mol beschiedegt: Eng Kéier hat de Musk selwer eng antisemittesch Verschwörungstheorie fir gutt befonnt, an där ënner anerem behaapt gouf, datt Judden "Haass géint Wäisser" verbreeden. De Musk hat dëst als "déi tatsächlech Wourecht" bezeechent.

Weider hate Fuerscher, déi sech op Haassriede spezialiséiert hunn, erausfonnt, datt op "X" ëmmer nees Reklamme vun Entreprisen nieft Nazi-Inhalter optauchen. De Musk hat dorops hi jo eng Plainte géint d'Organisatioun "Media Matters for America" gemaach a behaapt, dëst hätte si just festgestallt, well si ëmmer nees déi selwecht Profiller neigelueden hunn, bis déi spezifesch Reklammen dann opgetaucht sinn.

No deenen zwee Virfäll hate jo scho grouss Entreprisen annoncéiert, op "X" keng Reklamme méi ze schalten.