Géint 12.45 Auer eiser Zäit en Dënschdeg ass e Fliger, dee mat Kerosin aus Kach-Ueleg flitt, um Flughafe London-Hethrow gestart.

D'Zil vun der Boeing 787 vun der Fluchgesellschaft Virgin Atlantic ass de Flughafen John F. Kennedy zu New York.

Déi brittesch Aviatiounsdirektioun hat am Virfeld eng Partie Sécherheetsaspekter iwwerpréift, éier se eng Autorisatioun fir den Testfluch ginn huet.

De Kerosin aus Kach-Ueleg gëtt als wichtege Moyen ugesinn, fir d'CO2-Emissiounen déi beim Fléien ausgestouss ginn, ze reduzéieren. Dat well bei der Produktioun vun dësem Kerosin 70 Prozent manner CO2 ausgestouss gëtt.