E Sträit tëschent engem däitsche Mann a senger thailännescher Fra u Bord vun engem Lufthansa-Fliger ass därmoossen eskaléiert, dass dësen noutlande misst.

Firwat et zum Sträit koum, ass net gewosst. D'Fra huet sech allerdéngs beim Fluchpersonal beschwéiert, datt si sech vun hirem Mann menacéiert gefillt huet, wouropshin hie komplett ausgeflippt ass, mat Liewensmëttel ronderëm sech geheit, probéiert huet eng Decke mat engem Briquet unzefänken a säin Handy futti gemaach huet. Och soll e sech ausgedoen hunn a Passagéier, déi e berouege wollten, geschloen a mat de Wierder "Ech bréngen Iech all ëm" menacéiert hunn.

Fir hien net nach méi rosen ze maachen, huet d'Bordpersonal doropshin de Fluchhafen zu New-Delhi ugesteiert, ouni et de Passagéier ze annoncéieren, déi u sech a Richtung Bangkok ënnerwee waren. Um Fluchhafe gouf hien du vu Sécherheetsleit festgeholl.