Zil ass et, den Tourismus, dee sech vun der Pandemie nach net erholl huet, nees unzekuerbelen.

D'Stad Machu Picchu, eng vun de wichtegsten Tourismusattraktioune vu Peru, wäert seng Kapazitéiten op 4.500 bis 5.600 Visiteure pro Dag an d'Luucht setzen. Déi nei Reegele gëlle vum 1. Januar 2024 un. Nëmmen op bestëmmten Deeg si 5.600 Visiteuren erlaabt.

Den Ament sinn 3.600 bis 3.800 Visiteure pro Dag zougelooss.

Den Tourismus ass fir déi peruanesch Wirtschaft vun zentraler Bedeitung. Virun der Covid-Pandemie am Joer 2020 huet d'Land knapp 4,5 Millioune Visiteuren ugezunn. Dëst Joer wäerten et der mat 2,2 Milliounen nëmme knapp hallef esou vill sinn.

Machu Picchu, 130 Kilometer vu Cusco ewech, gouf am 15 Joerhonnert vun den Inka gebaut a läit an enger Héicht vun 2.500 Meter.

D'Stad, déi och bekannt ass als "déi verluere Stad vun den Inkaen", gouf 1911 vum amerikanesche Fuerscher Hiram Bingham entdeckt an zielt zanter 1983 zum Uesco-Weltkulturierwen.