Dass och eng Dauf e Verkéiersmember ass, deen een op der Strooss schütze soll, huet d'Police engem Taxichauffer zu Tokio onmëssverständlech kloer gemaach.

Well de 50 Joer ale Mann eng Dauf express iwwerrannt soll hunn, gouf dëse festgeholl. Den Taxichauffer hätt "säin Auto benotzt, fir d'Dauf ëmzebréngen", sou e Porte-parole vun der Police. De japanesche Sender Fuji TV hat gemellt, d'Police hätt d'Behuele vum Mann als "héichgradeg béiswëlleg" agestuuft.

De Virfall hat a Japan fir Schlagzeile gesuergt.

Den Taxichauffer war Medieberichter no leschte Mount, wéi et gréng op enger Kräizung gi war, mat gutt 60 Stonnekilometer op e Grupp Dauwen duer gerannt, déi grad op der Fuerbunn waren. De Motor huet dobäi Kaméidi gemaach, dowéinst war e Foussgänger opmierksam ginn, deen d'Police geruff hat.

D'Ermëttler hunn de Fall immens seriö geholl an hu souguer eng Autopsie vun der der Dauf bei engem Veterinär gefrot. Et sollt ouni Zweiwel festgestallt ginn, dass d'Déier duerch den Zesummestouss mam Taxi gestuerwen ass. De Taxichauffer huet sech Medieberichter no am Recht gefillt. "D'Stroosse gehéieren de Mënschen, also hätten d'Dauwen aus dem Wee goe missen", sou de Mann.

Datt hien effektiv festgeholl gouf, huet op soziale Reseauen hëtzeg Diskussiounen ausgeléist.