De mexikanesche President Andrés Manuel López Obrador huet proposéiert, dass d'Vollek soll iwwert d'Zukunft vum Stéierkampf a Mexiko decidéieren.

Dëst wier seng Recommandatioun no engem jorelaange Rechtssträit zu deem Theema, huet e Freideg op senger deeglecher Pressekonferenz geheescht. "An dësem Fall wier dat menger Meenung no dat Bescht fir eis all."

Mexiko ass d'Héichbuerg vum Stéierkampf. Eleng an der Arena an der Haaptstad passe bis zu 50.000 Leit eran an ass déi gréisst vu senger Aart op der Welt.

Am Juli 2022 hat e Riichter d'Aussetze vu Stéierkämpf op onbestëmmten Zäit ugeuerdent an domat zugonschte vun Déiereschutzaktivisten decidéiert, déi géint de joerhonnertale Brauch geklot haten. E Mëttwoch gouf dës Eenegung an engem Riichtergremium vum Ieweschte Geriicht nees gekippt. De Fall soll nees un déi viregt Instanz goen a kéint dann op en Neits virum Iewescht Geriicht landen.

Bis ewell hu just 5 vun 32 mexikanesche Bundesstaaten e Stéierkampfverbuet decidéiert. Bei der Decisioun geet et ëm Suen. 2018 goufen a Mexiko mat Stéierkämpf 343 Milliounen Dollar, ëmgerechent 319 Euro, erwirtschaft a gutt 80.000 Mënschen hunn doduerch eng Aarbechtsplaz.
D'Debatt geet och iwwert d'Grenzen eraus. Antëscht gëtt och an anere südamerikanesche Länner debattéiert. Sou ass et an den Haaptstied vu Kolumbien an Ecuador verbueden, Stéiere dout ze maachen. A Peru hunn d'Geriichter géint e Verbuet gestëmmt. An Europa si Stéierkämpf a Frankräich, Portugal a Spuenien erlaabt.