An der Regioun Medusae Fossae um marsianeschen Äquator huet eng Sonde vun der europäescher Weltraumagence Waasseräis entdeckt.

Schonn zanter Jore kreest dës Sonde vun der ESA ëm de Roude Planéit mam Fokus op den Äquator vum Mars. Aktuell Ënnersichunge weisen elo, datt een op de Biller net just roude Stëbs gesäit, mä datt et hei grouss Äisschichte gëtt. Bis ewell haten d'Fuerscher um Mars just Äis op den zwee Pole confirméiert.

Schonn 2007 hate Fuerscher an der Regioun ëm den Äquator riseg Depoten a ronn 2,5 Kilometer déift entdeckt. Et war awer bis zu der rezenter Entdeckung onkloer, ëm wéi eng Depoten et sech géif handelen. An dës Depote sinn och däitlech méi déck wéi erwaart: Ronn 3,7 Kilometer.

D'Signaler vum Radar stëmme mat deem iwwerteneen, wat sech d'Fuerscher vun Äis erwaarden a sinn de Signaler, déi een op de Pole vum Mars kritt huet, ganz änlech, erklären d'Fuerscher am Schreiwes vun der ESA. D'Waasser, dat hei fonnt gouf, huet ongeféier d'Quantitéit, fir d'Rout Mier ze fëllen.

De Mars gëllt aktuell als en dréchenen, quasi Wüüsteplanéit. Ma d'Fuerscher entdecken ëmmer méi Indicen, datt et fréier emol vill Waasser op eisem Nopeschplanéit gouf an eventuell och eng Form vu Liewen. Missiounen, déi op de Roude Planéit ginn, sollten dofir an Zukunft an der Géigend vum Äquator landen, fir dëser Fro nozegoen.

Fir un d'Äis ze kommen, ass awer méi schwiereg, well och déi elo nei entdeckten Depoten ënnert enger honnerte Meter décker Stëbsschicht leien.