An der Kompetitioun ëm de Mound ass Japan nach 5. ginn. Eng éischt Sonde, mat där Japan op déi 4. Plaz hätt kënne kommen, war bei der Landung futtigaangen.

Japan huet um Freideg en neie Versuch gestart, mat enger onbemannter Sonde um Mound ze landen. Dat nodeems am Abrëll 2023 dat japanescht Landemodüll "Hakuto-R", dat privat entwéckelt gouf, un der Mounduewerfläch futti gaangen ass.

Bei der Landung ass dës Kéier awer och eppes schif gaangen, sou datt d'Solarzellen u Bord den Ament keng Sonn kréien, also den Elektresch an e puer Stonnen dierft verbraucht sinn.

De Moundlandemodüll SLIM war schonn de 7. September a Richtung Mound gestart a ass dëse Freideg géint 16.20 Auer gelant.

Deemno war d'Sonde schonn zanter iwwer 4 Méint ënnerwee. Grond dofir ass, datt de SLIM, éier e sech a Richtung Mound gemaach huet, e puer Mol d'Äerd ëmkreest huet, wouduerch manner Sprit verbraucht gouf wéi bei engem Direktschoss, mat deem d'Sonde an e puer Deeg um Mound gewiescht wier.

Mat dobäi huet de SLIM en éischter ongewéinlecht Instrument. Mam klenge ronne Roboter "SORA-O", deen un en Droid aus Star Wars erënnert, sech ausernee klappe kann a sech wéi eng Deckelsmouk beweegt, wëll Japan de Mound entdecken.

Japan ass no den USA, der Sowjetunioun, China an Indien dat fënneft Land, deem eng Moundlandung geléngt.