D'Li Wagner huet d'lescht Joer decidéiert, sech nei ze orientéieren a schafft zënter dëser Saison als Monitrice an enger Schischoul an Éisträich.

Ob a Frankräich, Éisträich oder Schwäiz - iwwert de Wanter zitt et eng ganz Partie Lëtzebuerger an d'Schigebidder. Esou huet et och beim Li Wagner ugefaangen. Déi jonk Fra vu 26 Joer ass zënter Klengem u mat hirer Famill an de Wantersport gefuer an esou huet hir Passioun ugefaangen.

Beim Schifuere fillt d'Li sech gutt a kritt de Kapp fräi. "Ech hunn einfach d'Keelt gären, ech hunn de Schnéi gären an och dat Wieder. Hei sinn ech einfach glécklech."

Wéi si eng Auszäit vu Lëtzebuerg gebraucht an no engem Tapéitewiessel gesicht huet, ass d'Decisioun, wou et higeet, séier gefall.

Schonn am Summer huet d'Li d'Ausbildung zu Hintertux gemaach. Zwou Woche laang gouf intensiv geléiert. Moies goung et fir e puer Stonnen op d'Pist an nomëttes gouf d'Theorie duerchgeholl. Geléiert huet d'Li heibäi wéi ee Schifuere virweist a wéi en de Leit dat am beschte bäibréngt. A wéi trainéiert een dat? Et gëtt ee senge Matschüler eng Schistonn a behandelt dës wéi seng Clienten.

Ronn 100 Leit hunn zesumme mam Li Wagner bei der Ausbildung matgemaach, déi meescht hunn den Ofschlossexamen dann och gepackt a ware prett fir d'Wantersaison.

Mëtt Dezember ass et du fir d'Li lassgaangen. Déi jonk Fra ass op Serfaus geplënnert a war direkt lancéiert. Wéi bremst een, wéi hëlt een d'Kéieren an op wat muss een oppassen? Dat ass den neien Alldag vum Li an hire Schüler.

Eemol d'Woch sinn d'Enseignanten da selwer Schüler a ginn op d'Pist trainéieren. Hei geet et dann drëms, hiert eege Kënnen ze verbesseren.

Challengen, déi Flexibilitéit viraussetzt

Zënter ronn 2 Méint schafft d'Li dann elo zu Serfaus. Ma och wa si elo an engem Vakanze-Gebitt lieft, ass dat Ganzt och mat vill Aarbecht verbonnen a bréngt déi eng oder aner Erausfuerderung mat sech. Déi jonk Fra léiert nämlech Kanner vun zwee Joer bis hin zu Erwuessener un, déi nach ni op de Schi stoungen oder just där bloer Piste, also op der einfachster Piste, fuere kënnen. Mee natierlech kënnen och Schifuerer mat méi Erfarung nach Stonne bei hinnen huelen.

"Fir mech perséinlech ass et eng Erausfuerderung am Viraus net ze wëssen, wat fir eng Leit een deen Dag kritt. Esou muss ee sech de Moment selwer op de Grupp astellen. Eng aner Erausfuerderung si kleng Kanner, déi eigentlech nach ze jonk sinn an net genuch Kraaft hu fir alles. Mee hei hu mir awer och Tools, fir hinnen ze hëllefen", sou d'Li.

RTL

privat Foto

Mat ganz klenge Kanner wier et allgemeng net ëmmer einfach, well et dëse vill méi séier kal gëtt a si dann och kee Spaass op der Schipist hätten. "Ech sinn dann traureg, well et hinne kee Spaass mécht."

D'Li erlieft uewen um Bierg awer och ganz vill schéi Momenter. Richteg flott wier et mat engem coole Grupp, wann d'Leit schonn e bësse fuere kënnen an dann nach schéi Wieder ass. Mee och Gruppen iwwert en Dag oder e puer Deeg ze begleeden a Fortschrëtter bei de Schüler ze gesinn, si fir d'Li ganz flott Momenter. "Besonnesch bei Kanner gesäit een deelweis vu Stonn zu Stonn e groussen Ënnerscheet a Fortschrëtter."

Kanner an Erwuessenen eppes bäibréngen, ass fir d'Li e positiven Challenge awer kee Problem. Hei huet si schonn Erfarung. Zu Lëtzebuerg huet d'Li nämlech ënnert anerem mat Päerd geschafft an och hei deem engem oder anere Reide bäibruecht. Alles wat si hei iwwert Joren u Wësse gesammelt huet, ka si elo och an de Schistonnen notzen an huet Freed drun, aneren eppes ze erklären a bäizebréngen.

Wat d'Kommunikatioun an Éisträich ugeet, huet d'Li immens Virdeeler, doduerch dass si zu Lëtzebuerg an der Schoul war. Zu Serfaus huet si souwuel däitschsproocheg Clientë wéi och ëmmer rëm Lëtzebuerger a Fransousen, déi an de Wantersport kommen.