Mat senger Iddi huet et den Albert Schnitzer esouguer bis an déi däitsch Sendung "Höhle der Löwen" gepackt.

Den Albert Schnitzer war e puer Mol mat sengem normale Vëlo gefall a well de Pensionär sech dono ëmmer manner sécher am Stroosseverkéier gespuert huet, ass hien innovativ ginn. Hien huet op sengem Vëlo d'Pedallen erofhuele gelooss a säin Drotiesel an e "Lafvëlo" ëmgebaut, well e Rollator koum fir den deemools 85 Joer alen Hamburger guer net a Fro, esou steet et um Internetsite vum "Laufrad für Erwachsene" ze liesen.

Mat dëser wuel net ganz neier, mä fir eeler Leit adaptéiert Versioun vun der Fortbeweegung, wëll den Albert Schnitzer selwer, ma och villen anere Leit a senger Situatioun, d'Sech-Deplacéiere nees méi einfach, méi séier a méi kamoud maachen. An nach e Virdeel huet dëse "Vëlo": Well e keng Pedallen huet, mä et jo e "Lafvëlo" ass, dierf een emol an der Heemecht vum pensionéierte Nei-Geschäftsmann och domadder um Trottoire an an der Foussgängerzon fueren... Pardon, lafen oder awer goen!?!

"Sollso" huet hie säi Gefier gedeeft. An och den Numm huet eng Geschicht: Leit, déi hien domadder gesinn hunn, ware sech net sécher, ob de Vëlo futti wier, also hu se nogefrot: "Kaputt oder Soll so?". Ronn véier Wochen huet den Albert Schnitzer zesumme mat sengem Fils Heinrich um Sollso gebastelt, bis d'Gefier esou war, wéi et dem Pensionär gefall huet.

De Lafvëlo konnt ee bis ewell net just op der däitscher Tëlee gesinn, wou den haut 88 Joer alen Albert Schnitzer Mëtt 2023 als bis ewell eelste Kandidat an der Geschicht vun "Die Höhle der Löwen" opgetrueden ass, mä en ass och schonn den Hit op verschiddene Foiren. Wéi den Heinrich Schnitzer am Interview mam NDR erzielt, hätt et och scho Leit ginn, déi am Rullstull souzen, an awer nach op der Foire mam Sollso duerch d'Hale konnte fueren. Fir hie war dëst en "emouvante" Moment.

De Sollso kritt een aktuell fir ronn 950 Euro ze kafen.