Haut ass et deels den Tablet, fréier war et de Puzzle, deen eis als Kanner beschäftegt huet. Ausgestuerwen ass deen awer net.

Och haut spillen der nach vill domadder, Kanner an och Erwuessener an dobäi entwéckelt sech da villäicht eng Passioun, déi sech zur Competitioun entwéckelt. Dofir hält se Saarlänner dann och de Rekord am Solo-Puzzelen. Hien huet an 99 Deeg a Puzzle mat 54.000 Deeler zesummegesat.
Eemol am Joer ass dann och eng grouss Puzzle-Bourse. Do kënne Leit hir Puzzele matbréngen a géint anerer tauschen. Mä vu wou kënnt dës Passioun hier a wien ass de Rekord-Halter am Puzzelen?

Et ass den Hans-Josef Schaadt aus dem Saarland. Wéi ass hien zum Weltrekord komm a wat huet hie motivéiert, en ze knacken? Dobäi léiere mer awer och d'Christiane Trefois-Kohnen kennen, eng Damm, déi scho vu klengem u gepuzzelt huet.