Eng nei Etüd deit dorop hin, dass d'Äerderwiermung däitlech éischter ugefaange kéint hunn, wéi aus de Modeller vum IPCC ervirgeet.

Dat wëllen d'Auteure vun der Etüd duerch d'Analys vu Koralle-Schwämm am Mier ronderëm Puerto-Rico erausfonnt hunn. Déi global Temperature géif deemno schonn zanter 1860 an d'Luucht goen. Dat wieren 80 Joer éischter, wéi aus de Modelléierunge vum Weltklimarot ervirgeet. Déi global Duerchschnëttstemperatur wier deemno zanter dem Ufank vun der globaler Erwiermung  schonn ëm 1,7 an net, wéi bis  ewell ugeholl, ëm 1,2 Grad geklommen.

D'Reaktioun vun der wëssenschaftlecher Communautéit op d'Etüd fält gemëscht aus. Engersäits gëtt d'Methodik vun der Etüd gelueft. Anerersäits gëtt kritiséiert, dass d'Konklusiounen, déi d'Auteuren aus den Erkenntnisser vun der Etüd zéien, ze wäit ginn.

Wéi sinn d'Auteure vun der Etüd virgaangen?

Fir hir Etüd hunn d'Fuerscher aus Australien an den USA Koralle-Schwämm vum Typ Ceratoporella nicholsoni am Mier ëm d'Insel Puerto Rico ënnersicht. Dës Schwämm wuessen enorm lues, ginn e puer honnert Joer al an hunn e Skelett aus Kallek. Duerch d'Analys vun der geneeër cheemescher Zesummesetzung vum Skelett wëllen d'Fuerscher Réckschlëss iwwer d'Verännerung vun der Temperatur vum Waasser ronderëm d'Schwämm zéie kënnen. Dofir analyséiere si d'Verhältnis tëscht Kalzium a Strontium am Skelett vun de Schwämm.

D'Schwämm wuessen an enger Déift tëscht 33 an 91 Meter. Aus de Verännerunge vun der Waassertemperatur ronderëm d'Schwämm leeden d'Fuerscher of, wéi sech d'Temperatur un der Uewerfläch vum Mier verännert huet. Doraus zéie si Conclusiounen iwwert d'Entwécklung vun der globaler Duerchschnëttstemperatur.

Wéi fiabel sinn d'Donnéeën, déi d'Fuerscher aus dëser Analys gewannen?

D'Auteure vun der Etüd argumentéieren, dass d'Donnéeën, déi si op dës Manéier gewannen, méi präzis sinn, wéi déi, déi de Weltklimarot fir seng Berechnungen notzt. Dëse baséiert sech jo op Miessunge vun den Temperaturen op der Waasseruewerfläch vum Mier. Ma den Auteure vun dëser neier Etüd no, hätt dëst Virgoen zwee gravéierend Nodeeler. Engersäits ginn dës Temperaturen eréischt zanter der Mëtt vum 19. Joerhonnert gemooss an dat och nëmmen op vereenzelte Plazen. Anerersäits wier d'Waassertemperatur un der Uewerfläch vill méi staark vu kuerzfristegen äussere Facteure beaflosst.

De Science Media Center Germany, eng Organisatioun, déi op d'medial Veraarbechtung vu wëssenschaftlechen Erkenntnisser spezialiséiert ass, huet 4 verschidde Wëssenschaftler no hirer Aschätzung vun der Methodik, déi an der Etüd benotzt gëtt, a vun de Conclusiounen, déi gezu ginn, gefrot.

Wat d'Methodik betrëfft, sinn déi befrote Wëssenschaftler sech eens, dass d'Auteure mat hirer Method fiabel Réckschlëss iwwert d'Verännerung vun der Waassertemperatur ronderëm d'Schwämm zéie kënnen, an dass dës Verännerunge gréisstendeels onbeaflosst vun äusseren Aflëss sinn.

Huet d'Äerderwiermung éischter ugefaangen, wéi bis ewell geduecht?

Aus den Donnéeën, déi si aus der Analys vun de Schwämm gewannen, leeden d'Fuerscher of, dass déi global Temperatur schonn zanter 1860 an d'Luucht geet. Dat géif da bedeiten, dass déi virindustriell Referenzperiod, wéi se um IPCC definéiert gëtt, ongënschteg gewielt wier. Dat well d'Temperatur do schonn am Gaange gewiescht wier, ze klammen. Déi virindustriell Period hätt also méi fréi opgehalen, wéi bis ewell ugeholl an d'Referenz-Period misst éischter ugesat ginn. Déi global Duerchschnëttstemperatur wier dann zanter dem Enn vum virindustriellen Zäitalter net ëm 1,2 mä ëm 1,7 Grad an d'Luucht gaangen.

Wann et ëm d'Konklusiounen, déi an der Etüd gezu ginn, geet, sinn déi véier befrote Wëssenschaftler allerdéngs däitlech méi kritesch. Fir fiabel Aussoen iwwert d'Entwécklung vun der globaler Temperatur treffen ze kënnen, missten d'Resultater vun der Etüd duerch Analyse vu Schwämm op anere Plaze confirméiert ginn.
E Wëssenschaftler vun der Universitéit Oxford reprochéiert den Auteure vun der Etüd esouguer, dass si hir Erkenntnisser schlecht kommunizéieren an domat fir onnéideg Verwirrung am ëffentlechen Debat iwwert de Klimawandel suerge géifen. Et géif dann och wéineg Sënn maachen, d'Referenzperiod par Rapport zu där d'global Erwiermung gemooss gëtt, no vir ze réckelen. Och wann déi global Temperatur schonn zanter Der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert klëmmt, wier dës Hausse kaum op Mënschlech Aktivitéit zeréckzeféieren. Wann ee sech de gesamten CO2, deen d'Mënschheet an der Period tëscht 1750 an 2021 ausgestouss huet, ukuckt, géif een nämlech feststellen, dass nëmmen 2,5 Prozent vum CO2 virun 1900 ausgestouss gouf. D'Hausse vun der globaler Temperatur an der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert wier also mat zimmlech héijer Warscheinlechkeet net op de Klimawandel zeréckzeféieren.

Wichteg wier de Wëssenschaftler no manner d'Fro duerno, wéi een d'Referenzperiod definéiert, mä de Konsens, dass d'Hausse vun der globaler Duerchschnëttstemperatur, dee mir an eiser Zäit erliewen duerch de mënschegemaachten Ausstouss vun CO2 verursaacht gëtt.