An zwou Wallissen hat e 44 Joer ale Mann insgesamt ronn 1,4 Milliounen Euro Boergeld verstoppt. Hie gouf wéinst dem Verdacht op Blanchiment festgeholl.

Dat mellt d'Douane vum Münchener Fluchhafen en Dënschdeg. De Verdächtegen hat deemno op säi Fliger a Richtung Istanbul gewaart.

D'Douane hat nieft dem Boergeld och nach zwee Smartphonë beschlagnaamt. Bei enger Perquisitioun an der Wunneng vum Mann, gouf ausserdeem eng Maschinn fir Geld ze zielen, fonnt.