Eng Foto un der Säit vum fréieren US-President George W. Bush no den Uschléi vum 11. September 2001 zu New York hat hie berüümt gemaach.

Lo ass de fréiere Pompjee Robert "Bob" Beckwith dout. Hien ass 91 Joer al ginn.

Vill Leit weisen hiert Matgefill. Den Ex-President Bush huet erkläert, hei wier "houfreg" drop, deemools de Beckwith u senger Säit gehat ze hunn. Hie wier am Laf vun de Jore mam "Patriot" a Kontakt bliwwen, heescht et op X.

Déi berüümt Foto war dräi Deeg no 9/11 entstanen, bei der éischter Visitt vum fréieren US-President um sougenannte Gound Zero. Mat engem Megafon an der enger Hand an deem aneren Aarm ëm de Beckwith geluecht hat de Bush sech un all d'Rettungsekippe geriicht, déi no Iwwerliewende gesicht hunn:

"Ech kann iech héieren, déi ganz Welt héiert iech, an déi Mënschen, déi dës Tierm zum Astierze bruecht hunn, wäerte geschwë vun eis héieren."