D'Lydie Imhoff huet 43 Joer an ass hallefsäiteg geläämt a blann op d'Welt komm. Hire Leidenswee ass domat net eriwwer.

No an no huet d'Lydie d'Fäegkeet verluer, hir Extremitéiten ze beweegen. D'lescht Joer huet si d'Decisioun getraff, hirem Liewen en Enn ze setzen. Fir hire Wonsch no Euthanasie ass si vu Frankräich an d'Belsch gereest.

D'Angscht, an engem doudege Kierper ze liewen

Eng AFP-Ekipp huet d'Lydie am Mäerz 2023 eng éischte Kéier besicht an hire Wee bei e Psycholog zu Bréissel begleet, dee gréng Luucht fir d'Euthanasie ginn huet. An der Belsch ass dëst schonn zanter 2002 legal, a Frankräich nach ëmmer verbueden.

Ufank dëst Joer ass si nees an d'Belsch gereest. Déi lescht Rees. Et goung vun Ostfrankräich, wou si eleng mat hirer Kanéngchen "Lucky" gewunnt huet, also nees op Bréissel. Do si spéider och hir Äsche verstreet ginn.

RTL

Eng leschte Kéier mam "Lucky", hirer Kanéngchen, schmusen an Äddi soen. / © AFP

Déi lescht Deeg am Lydie hirem Liewen

Den 30. Januar: D'Wunneng vun der stierweskranker Fra ass eidel. Et ass souwuel eng onheemlech wéi och berouegend Stëmmung am Raum. D'Sonn geet ënner an déi lescht Sonnestrale glitzeren an de Fënsteren.

D'Lydie sëtzt an hirem Rollstull, otemt déif an an aus. Ze héieren ass just hir Kanéngchen, déi duerch de Raum hoppelt an hiren Otem am eidelen Zëmmer.

"Op där enger Säit kann ech et net erwaarden, fräi ze sinn. Op där anerer Säit fillen ech mech schëlleg, well ech Mënschen zeréckloossen, déi mech gär hunn. Awer um Enn vum Dag ass et eng Decisioun, déi ech getraff hunn", sou d'Lydie am Gespréich mat AFP.

D'Stëmmung ass eescht, bedréckt. Trotzdem hält dat d'Lydie net dovun of, nach Witzer ze maachen. Et dierft een net vergiessen, de Schlëssel an d'Bréifkëscht ze geheien - "soss bréngen déi mech ëm."

RTL

Hir Frëndin a Betreierin Marie-Josée Rousseaux huet si op Bréissel op hirem leschte Wee begleet. / © AFP

RTL

De pensionéierten Anästhesiste Denis Rousseaux huet dem Lydie bei der Sich no Stierfhëllef am Ausland gehollef. / © AFP

Den 31. Januar: Depart moies ganz fréi. Et ass nach däischter wéi den Denis Rousseau a seng Fra Marie-Josée virun der Dier stoe bleiwe mat der geléinter Camionnette. Hie war Anästhesiste, si Infirmière an allen zwee elo an der Pensioun. Si hunn d'Lydie zanter 2023 bei hirer Sich no Stierfhëllef ënnerstëtzt.

Fir si ass et déi éischte Kéier, dass si e Patient bis op déi lescht Minutt begleeden. Et wier an éischter Linn " en humanitäre Geste, de politeschen Aspekt kënnt op zweeter Plaz", sou den Denis wéi si fortfueren.

Vun der Famill huet d'Lydie sech ofgekapselt a verléisst sech komplett op d'Hëllef an d'Ënnerstëtzung vun enger Handvoll Frënn a Fräiwëllegen.

RTL

© AFP

Op der Réckbänk vun der Camionnette stäipt si de Kapp op der Schëller vun hirer Frëndin of, kuschelt sech an d'Decken, op där nach Pelz vun hirer Kanéngchen ass. De Lucky ass do scho bei senger neier Fleegefamill.

Um Wee an d'Belsch nach emol Äddi soen

Kuerz virun der Grenz, zu Lonkesch bleiwe si nach emol stoe fir eng Paus. Do treffe si d'Claudette Pierret, eng franséisch Aktivistin. Si setzt sech fir d'Recht op Euthanasie an. Si war et och, déi de Kontakt tëscht dem Lydie an dem Yves de Locht hiergestallt huet, deem Dokter an der Belsch, deen den Agrëff duerchféiert.

Den Dësch ass gedeckt. "Et ass wéi e Gebuertsdagsiessen" geckst d'Lydie ier si nees seriö gëtt.

RTL

© AFP

"Ech hoffen, wann ech bis do uewe sinn, dass ech mäi Fridden hunn an endlech raschte kann. Ech si midd. Ech hunn es sat, dass all Dag e Kampf ass - géint meng Krankheet, géint mäin Handicap, géint alles."

"Ech weess, ech maache Witzer, ech liewen an den Dag eran - elo ass et souwäit."

"Wat een hei gesäit", an d'Lydie weist op hiert Gesiicht, "dat ass net wéi et wierklech a mir ausgesäit."

Nom Iessen ass et Zäit, fir Äddi ze soen. D'Camionnette steet nees prett.

Den Dag ass domat awer nach net eriwwer. Am Spidol zu Bréissel ukomm, kann d'Lydie sech an engem grousse Raum ariichten, e Raum am maritimme Stil dekoréiert.

Nees e Witz: "Ok, wat ass da meng lescht Moolzecht hei an der Doudeszell."

Nach ier d'Lydie deen Owend schlofe geet, ass nach e lescht Gespréich mam Dokter. Si schwätzen iwwert den Dag, dee virun hinne läit. Dem Lydie säi leschten Dag.

"Wëllt Dir dat nach ëmmer maachen?"

Dës Fro stellt den Dr Yves de Locht.

"Jo! An Dir sidd sécher,dass ech net méi wakereg ginn, richteg?", sou d'Géigefro.

Wat hir nach géing um Häerz leien, freet hien. An nees seet d'Lydie, si géing un d'Mënschen denken, déi si zeréckléisst.

"Wësst Dir, wat ech denken? Sou traureg si och wäerte sinn, si wäerte wëssen, dass Dir elo fräi sidd." Mat deene Wierder hëlt den Dokter seng Patientin nach emol an den Aarm.

"Äre Pullover ass esou douce". D'Lydie kënnt net dolaanscht, dat ze soen.

RTL

© AFP

Den 1. Februar - Et ass souwäit

Den Himmel zu Bréissel ass deen Dag kloer a stralend blo. Am Zëmmer vum Lydie sinn d'Riddoen zou. D'Marie-Josée an den Denis sëtzen op béide Säite vum Bett.

Et gi Problemer am Trafic wéinst de Bauereprotester zu Bréissel deen Dag. Den Dokter kënnt pünktlech un.

Eng allerleschte Kéier d'Fro: "Wëllt Dir stierwen?"

D'Lydie seet "Jo".

Den Dokter mécht alles prett. D'Produite musse preparéiert ginn an d'Lydie huet nach e puer Minutten ier si zeréck sinn.

Den Dokter de Locht gëtt assistéiert vum Wim Distelsmans, dem Chef vun der Palliativstatioun am Spidol. An engem klenge Labo gëtt déi déidlech Substanz aus dräi Flaconen zesummegemëscht.

RTL

© AFP

D'Sprëtz ass prett. D'Doktere sinn nees beim Lydie am Raum. De Wim Distelmans gëtt virgestallt.

"Also dann ass hien hei de grousse Big Boss?", freet d'Lydie a jiddereen am Raum fänkt u mat Laachen.

Si versammele sech ronderëm d'Bett. Lescht Wierder falen, bis den Dokter ënnerbrécht: "Lydie, ech soen Iech elo Äddi."

"Gesinn ech Iech do uewen?", freet si, "Ok dann. Äddi dir Belsch, Äddi dir Fransousen!"

RTL

© AFP

D'Péng  ass eriwwer, d'Lydie ass fräi

Dem Ldyie hire Rollstull steet eidel bei der Dier wéi d'Dokteren nees erauskommen.

Den Dokter Yves de Locht deelt seng Impressioune mat:

"Ech hunn d'Gefill, déi Krankheet huet si no an no ëmbruecht an ech hunn hirer Péng en Enn gesat. Dat entsprécht menger Ethik als Dokter".

"Ech hunn absolut net d'Gefill, si dout gemaach ze hunn. Ech denken, ech hunn hiert Leide verkierzt."

Paperasse sinn dono ze maachen. Dat geschitt zesumme mam Wim Distelmans. D'Ënnerlage mussen un d'Opsiichtskommissioun fir Euthanasie verschéckt ginn.

Ier den Dokter de Locht geet, riicht hien nach e puer Wierder un d'Marie-Josée an den Denis: "Mir hu si fräigelooss."

RTL

© AFP

Véier Deeg no hirem Doud ass d'Lydie verbrannt ginn. Hir Äsche goufe vum Personal vum Crematoire an engem Gedenkgaart um Bord vu Bréissel verstreet. Familljemembere ware keng dobäi.

D'Gesetz zur Stierfhëllef an der Belsch, dat 2002 agefouert gouf, schreift vir, dass op d'mannst zwou Expertise musse virleien, déi d'Decisioun vum Patient stäipen. Vun engem Psychiater a vun engem Dokter.

Eng weider Viraussetzung fir d'Euthanasie-Demande ass e konstant kierperlech oder geeschtegt Leiden, dat net auszehalen ass an aus enger schwéierer an onheelbarer Krankheet resultéiert.

RTL

© AFP