D'Nasa huet matgedeelt, dass een e Freideg eng vun den heftegste Sonneneruptioune vun de leschte Jore beobachte konnt.

Zanter Dezember 2019 ginn d'Aktivitéiten op der Sonn nees méi staark. Et gi sougenannte Sonnenzyklen, also Phase mat méi schwaacher a méi staarker Aktivitéit, déi sech ongeféier all 11 Joer widderhuelen. Aktuelle ass d'Sonn no um Maximum wat déi Aktivitéiten ugeet.

Wann et zu esou enger Eruptioun kënnt, gi Milliarden Tonnen vu geluedene Partikelen an de Weltall geschleidert, an deemno och a Richtung Äerd. Fir d'Mënsche besteet keng Gefor, well d'Stralen net duerch d'Äerdatmosphär duerchkommen, ma awer sinn Auswierkungen op eist Liewe méiglech.

Kommunikatiounswellen, Stroumreseauen an GPS-Navigatiounssignaler z.B. kënnen nämlech duerch esou Eruptioune gestéiert ginn.

Besonnesch a groussen Héichten an an de Polargebidder, wou d'Feldlinne vum Magnéitfeld méi staark a Richtung Äerduewerfläch gebéit sinn, ass de Schutz vun der Äerdatmosphär manner grouss.

Polarliichter kënnen duerch staark Sonnestierm deels och an anere Breedegrade gesi ginn, an net just an de Polar-Regiounen.