De jonke Mann aus Neiséiland schéngt wuel vun där ganz haarder Zort ze sinn. No enger Hai-Attack huet hien sech einfach mol selwer verpléischtert.

De James Grant, e jonken Dokter aus Neiséiland, war mat senge Kollegen beim Speerfëschen an der Géigemd vu Cosy Nook, wéi op eemol eppes u sengem lénke Been gerappt huet. Hien war dovun ausgaang, datt ee vu senge Kollegen hien um Been gezunn huet, fir ëm eppes ze weisen, ma et war awer en Hai, deen sech do verbass hat.

Mat Hëllef vu sengem klenge Juegdmesser, konnt den James de Siebenkiemerhai ofwieren an huet sech un d'Ufer gerett. Och do huet de jonken Dokter absolut d'Nerve behal, huet seng Éischt-Hëllef-Këscht aus dem Rucksak gekroomt an huet sech d'Wonnen um Been einfach mol selwer zougebutt.

Fir dee Schock ze verdauen, ass den James mat senge Kollegen an den nächste Pub gefuer, fir sech do en uerdentlecht Glas Béier ze genehmegen. Duerno goung et dunn awer Direktioun Urgence, wou d'Wonnen nach eng Kéier kontrolléiert goufen.

Datt seng Wonnen net méi schlëmm gewiescht wieren, géif hien eegenen Aussoen no, deem décken Taucherkostüm verdanken.