Den erfuerene Fallschiermsprénger James Lee weess elo, datt hien op seng Kollege kann zielen; si hunn him bei sengem leschte Sprong nämlech d'Liewe gerett.

Kuerz nodeems de 25 Joer jonken James Lee iwwert dem englesche Wiltshire aus dem Fliger gespronge ass, huet en zweete Fallschiermsprénger hie mat sengem Fouss um Kapp getraff an bewosstlos geschloen. Den James ass doropshin onkontrolléiert a Richtung Buedem gefall.

Op de Biller gesäit een, datt 2 Fallschiermsprénger versiche mam James ze communiquéieren. Ee vun hinnen huet Handsignaler ginn fir den James op seng falsch Positioun an der Loft opmierksam ze maachen. Deen huet awer net reagéiert an esou war kloer, datt eppes net géif stëmmen.

Ouni laang ze iwwerleeën hu si den James an der Luucht stabiliséiert, deenen anere Fallschiermsprénger d'Signal ginn Ofstand ze halen an dem James säi Fallschierm ausgeléist, deen um Enn sécher um Buedem konnt landen.

Den James huet iwwregens net wëlles, sech vu sengem Hobby ze trennen, am Géigendeel, hie freet sech elo schonns op säi nächste Sprong.