An den USA hat d'Police et mat engem ongewéinlechen Autosdéif ze dinn. E querschnittsgelähmte Mann am Rollstull hat et fäerdeg bruecht en Auto ze klauen.

De Mann hat sech bei engem Autoshändler fir en Auto interesséiert an huet sech du ganz iwwerraschend mam Gefier aus dem Stëbs gemaach. Den Autoshändler Anselmo Barreto, deen ëmmerhi schonn 19 Joer an deem Beruff ass, huet sech gefillt wéi am falsche Film.

Den Ermëttlunge vun der Police no, ass de Shamal Battice beim Ford-Händler zu Ocala direkt bei ee wäisse Pontiac gerullt an huet de Vendeur gefrot, him hannert d'Steierrad ze hëllefen. Hie wéilt den Auto gär spieren. Ma kaum souz den 28 Joer ale Rollstullfuerer hannert dem Steier, huet hien d'Diere vu bannen zougespaart, den Auto gestart a mat Hëllef vu sengem Bengel op de Gas gedréckt.

Den Händler huet direkt d'Police alarméiert. Si konnten den Déif op enger Bensinsstatioun pëtzen, wou hie grad amgaang war den Tank fëllen ze loossen.