Virun enger Schoul zu Fulda an Däitschland hat e 5 Joer ale Bouf den Auto vu senger Mamm gestart an huet dunn eng Fra mat hirem 2 Joer ale Kand ugestouss.

D'Fra an dat klengt Kand goufe blesséiert an d'Spidol bruecht. D'Verletzunge wieren awer net liewensgeféierlech gewiescht.

De klenge Chauffer hat sech den Informatiounen vun der Police no eleng hannert d'Steier vum Auto gesat, seng Mamm stoung deen Ament mat der Fra virum Auto an huet mat hir gepotert. De Bouf huet dunn wahrscheinlech den Auto gestart, de Schlëssel war nämlech nach am Schlass. De Won huet ee Saz no vir gemaach a krut d'Fra an hire klenge Jong ze paken.

Déi Zwee goufe widdert eng Heck gedréckt an deels och ënnert dem Auto ageklemmt. Duerch den héijen Trëttoir gouf awer Schlëmmeres verhënnert.