Nodeems hien a Séinout gerode war, huet fir de José Ivan aus Mexiko e 16 Méint laange Kampf ëm d'Iwwerliewen um oppene Mier ugefaang. Elo gouf hie gerett.

De Mann, deen och wierklech extrem matgeholl ausgesinn huet, war mat sengem Boot op de Marshallinsele matten am Pazifeschen Ozean gestrand. Eegenen Aussoen no hätt hien 16 Méint um Mier iwwerlieft. Hien huet laang Hoer an en zimlech décke Baart a wier just nach am Kalzong gewiescht, sou de norwegeschen Anthropologie-Student Ola Fjelstad, dee fir Fuerschungszwecker um Atoll war.

De José Ivan wier am September 2012 vu Mexiko an Direktioun El Salvador ënnerwee gewiescht a wier dunn a Séinout geroden. Mexiko an d'Marshallinsele leien ëmmerhin 12.500 Kilometer vuneneen ewech. Dat 8 Meter laangt Boot, mat deem den Ivan en Donneschdeg un d'Küst vun der Insel gedriwwe gouf, huet och duerno ausgesinn, wéi wann et ganz laang op Séi gewiescht wier. E Grond fir seng Geschicht net ze gleewen, géif et deemno net ginn.

Den Ivan huet spéider gezielt, en hätt sech vu Schildkröten, Villercher a Fësch ernährt. Wa kee Reewaasser méi do gewiescht wär, hätt hien d'Blutt vu Schildkröte gedronk. A well um Boot dat néidegt Equipement gefeelt huet, hätt hien dat och alles mat bloussen Hänn gemaach.

Dem Fuerscher no, deen de Mann fonnt hat, sot den Ivan wier den Ament bei enger Famill ënner Daach komm, déi him z'iessen an ze drénke ginn. Hie wier am Ufank vun där aussergewéinlecher Aventure net eleng gewiescht, ma deen anere Mann, dee mat him am Boot war, wier um Mier gestuerwen.