D'Europäer iesse Fräschenhamen, Schleeken a Gänseliewer. An Afrika ësst een Impalaen, Waarzeschwäin an Zebraen. An an Amerika? Neierdéngs Pizza Python...

A bal all Land op der Welt fënnt een iergendwou eng Pizzeria. Nieft der einfach "Margarita", gëtt et se traditionell och mat Mieresfriichten, Ham, Zoossiss, Ananas, Champignonen a verschidde Geméiszorten. Natierlech ka jiddereen dat dropmaache wat him schmaacht. Ma mat engem ganz onkonventionellen Ingredient suergt elo e Restaurant a Florida fir grouss Opmierksamkeet.

Op der "Pizza Everglades" am "Evan's Neighborhood Pizza" fënnt ee Python. Dat kann een elo kreativ, komesch oder eekeleg fannen, ma de Proprietär vum Etablissement, Evan Daniell, ass houfreg op seng Idee a se schéngt bei de Leit och gutt unzekommen.

D'Fleesch vun der Schlaang gëtt am Restaurant zu Fort Myers während e puer Stonne marinéiert, dann an dënn Tranche geschnidden, kuerz am Uewe virgebak, ier et op d'Pizza kënnt.

45 Dollar kascht d'"Pizza Everglades". Engem Client vum Restaurant no, wär de Goût net schlecht, ma d'Fleesch wär zimlech elastesch. Eng aner Touristin sot, et géif liicht no Poulet schmaachen, ma et wär just méi schwéier ze knaen.

D'Idee ass usech net schlecht, schliisslech fänken d'Leit a Florida un e richtege Problem mat de Pythonen ze hunn. Duerch déi meteorologesch Verhältnisser kënne si sech gutt fortplanzen, si hu praktesch keng natierlech Feinden an den Everglades a friessen alles wat se fannen. Ma den Evan Daniell bezitt säi Fleesch net vun de lokale Schlaangen, ma aus enger Zuucht aus dem Vietnam.