Mat engem Bluttalkoholwäert vu ganzer 3 Promill gouf elo en 12 Joer ale Jong zu Rastatt an Däitschland op enger Spillplaz fonnt. Hie war vu sech.

De Jong koum mat der Ambulanz an d'Spidol. Eréischt wéi de Jong do ukomm ass, huet d'Mamm hiert Kand als vermësst gemellt. Hire Jong war nomëttes mat Kollegen op den Tour gaang, vun deenen der och e puer scho volljäreg gewiescht wieren. Bis owes wier hien net Heem komm, eréischt duerno hätt si sech Suerge gemaach a sech bei der Police gemellt.

D'Police huet d'Jugendamt kontaktéiert.

Schonn 2 Promill kënne bei Erwussenenen d'Gediechtnes an d'Orientéierung stéieren. Iwwer 3 Promill kann zu enger Alkoholvergëftung féieren, schlëmmstefalls och zum Doud duerch Otemstëllstand.