A Kalifornien huet ee Museksprof dës Dekoratioun op sengem Haus installéiert, iwwer déi eng Compilatioun vu Star Wars-Melodien ofgespillt gëtt.

De Mann schreift op Youtube, datt d'Luucht-Instrumenter och déi richteg Nouten uweisen. D'Luucht-Strahlen kann een e puer Kilometer rondrëm gesinn. Hien huet awer versicht, keng aner Haiser oder Fluch-Zonen ze verblenden. Dat Ganzt ass dann och e Mëttel fir Suen fir de gudden Zweck ze sammelen.