2017 gegrënnt ass d’Mammejongen ASBL permanent am Gaang ze wuessen a seng 13 aktiv Membere sinn immens stolz op déi bis elo geleescht Prestatiounen.

An eiser Fräizäit probéiere mir esou vill wéi méiglech op d’Been ze sëtze fir Läit deenen et net esou gutt geet eng grouss finanziell Ënnerstëtzung ze bidden oder och duerch Aktivitéiten e positiivt Erliefnis an hiert schwéiert Liewe mat anzebréngen.

Am Ufank vun all Joer entscheede mer eis wie mer mat eisem Don ënnerstëtzen. Dëst ass ëmmer eng immens schwiereg Entscheedung wëll et immens vill Organisatioune gëtt deenen een am léifsten alleguer hëllefe wéilt mee dëst ass leider net méiglech.

Nodeems mer 2017 en Don vun 3.000€ un «Een Häerz fir Kriibskrank Kanner» konnte realiséieren, ass ons 2018 dann e weidere grousse Schratt gelongen an et war ons méiglech op der Assemblée générale e Scheck vun 10.000€un d‘Kanner Wonsch ASBL ze iwwerreechen, déi hirersäits d’Zil huet, Kanner mat enger liewensbedreelecher Krankheet hire gréisste Wonsch ze erfëllen.

D’Organisatioun an den Erfolleg vum Charity Cup 2018 (Fussballturnéier) huet e groussen Deel dozou bäigedroen dat mer an der Lag waren esou e grousse Montant ze spenden.

Nieft dem Verkaf vun Iessen a Gedrénks op Fester wéi dem Piccobello zu Hesper oder Nationalfeierdag an der Staat, organiséiere mer 2019 dräi grouss Turnéieren:

1 .Dat éischt vun deenen 3 ass e Petanque-Turnéierwat den 18. Mee zu Munneref am Boulodrome stattfanne wäert.

2. De 29. Juni fënnt dann déi 2ten Editioun vum Charity Cup zu Schuller statt.

3. Fir d’Joer ofzeschléissen, organiséieren d’Mammejongen den 30. November en Darts-Turnéier. Hei gëtt et d’Platz vum Evenement nach ze confirméieren.

Wann dir weider iwwert eis Aktivitéite wëllt informéiert bleiwen da verweise mer iech op eis Facebook-Säit.

Iwwert eis Email «mammejongen@gmail.com» kënnt der eis och gäre kontaktéieren. Wann dir eis en Don wëllt maachen da kënnt der dat op de Kont LU31 0025 4101 5254 2400 vun der Mammejongen ASBL maachen.

Mir géifen eis immens doriwwer freeën a soen iech elo scho Merci.

Fir de Comité de Wenceslas SCHOMMER, Keven HENRIKSEN, Bob LEVEN, Jeff ZWICK, Michele ENGLARO, Cedric RAGUET, Sergio TEIXEIRA, Nuno BORGES, Jeremy HUBER, Pit HESS, Mely BIRCHEM, Rick SAGRILLO an Tom WEILAND.