D'Brasserie Colomb zu Gaasperech hat eng Tombola fir d'Chrëschtdeeg organiséiert.

D'Clienten hu sech et net huele gelooss, fir fläisseg Lousen ze kafen an esou op een Erléis vu 500 € ze kommen.

An engem gemittleche Kader ass elo ee Scheck un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreecht ginn.