Tёscht Dezember 2018 a Februar 2019 hunn di Bäerdrefer Kanner nees fläisseg Schockela an aner Séissegkeete gesammelt, fir se un d'"Stёmm vun der Strooss" ze spenden.

D'Hallschent vun de Suen, déi d'Kanner beim Liichtegoen opgehuewen hunn, insgesamt 780€, sinn och a Form vun engem Scheck bei där Geleeёnheet un den Marc Balthasar iwwerreecht ginn, deen als Vertrieder vun der "Stёmm vun der Strooss asbl" op Bäerdref an d'Schoul koum. Hien huet de Kanner en häerzleche Merci an e grousst Luef fir hier Solidaritéit ausgeschwat an hinnen erkläert, datt souwuel d'Séissegkeeten wéi och di vill Suen, déi si bereet waren ze spenden, bei der Stёmm vun der Strooss ganz néideg gebraucht ginn, fir deene ville Leit, deenen et hei am Land net sou gutt geet, ze hёllefen.

E ganz grousse Merci goung och un d'Awunner aus der Gemeng Bäertref, déi d'Kanner beim Liichtegoen sou léif empfaangen hunn an hinnen duerch hir Generositéit dёs Spendenaktioun erméiglecht hunn.