5 Joer méi spéit - d'Kanner si gewuess - ee Kand koum derbäi - d'Iddi bleift déi selwecht.

E Grupp vu jonke Famillje verzicht säit e puer Joer bei géigesäitegen Invitatiounen op e Kaddo a geheit duerfir léiwer e puer Euro an eng Spuerbéchs. Mëttlerweil ass esou erëm d'Zomm vun 2.000 Euro zesumme komm, déi si elo der Fondatioun Wonschstär zoukomme gelooss hunn. Dëst, nodeems am Joer 2014 d'Zomm vun 1.000 Euro un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner gespent gi war.

Eng flott Iddi, un där sech aner Famillje gären dierfen inspiréieren, heescht et an der E-Mail, déi RTL.lu geschéckt krut :-)