Mat engem Check vun 3.875 Euro ënnerstëtzt Luxlait d'Fondatioun vum Grand-Duc a vun der Grande-Duchesse.

Säit vill Joren engagéiert d’ Luxlait Association Agricole sech am soziale Beräich an ënnerstëtzt d’Fondatioun vum Grand-Duc a vun der Grande-Duchesse an hirer Aarbecht géint sozial Ausgrenzung an Aarmut zu Lëtzebuerg.

Traditionell, geet den Erléis vum Verkaf vu Luxlait-Produiten um Springbreak un d’Fondatioun vum Grand-Duc a vun der Grande-Duchesse. An dësem Kader, krut d’Ekipp vun der Fondatioun dëse Mëttwoch 17 Juli 2019 vum Här Gilles Gérard, Direkter vun der Luxlait, e Scheck vun 3 875 € iwwerreecht.

Mat dëser generéiser Spend, kann d’Fondatioun hier Aarbecht am soziale Beräich weiderféieren an sech weiderhi géint sozial Ausgrenzung, Aarmut a Prekaritéit am Grand-Duché asetzen. Am Numm vun der Fondatioun vum Grand-Duc a vun der Grande-Duchesse a vun all hire Beneficiairen, seet d’Ekipp vun der Fondatioun der Luxlait e grousse Merci fir hier laangjäreg Ënnerstëtzung.

Fir weider Informatiounen:

www.fondation-grand-ducale.lu

www.luxlait.lu