Am Kader vum Relais pour la Vie hunn d'Frënn vum Jousefshaus Réimech 4.800 Euro fir d'Fondation Cancer gesammelt.

De President vun der Fondation Cancer an d'Direktesch hu sech fir de laangjäregen Engagement an de generéis Ënnerstëtzung bedankt, déi et erlaben, d'Offere fir d’Patiente wéi z. B. d’psychologesch Ënnerstëtzung fir d’ganz Famill, de Benevolat am Spidol an och d’Gespréichsgruppe fir d’Patiente gratis unzebidden.