Am Kader vum Relais pour la Vie hat d’Gemeng Betzder 3.000 € un d’Fondation Cancer gespent.

Ënnert dem Numm "Betzder Flitzerten" hëlt d’Gemeng zënter Joren um Relais pour la Vie deel a weist hir Solidaritéit mat Kriibspatienten.

Bei enger klenger Feier huet d‘Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer, souwuel der Gemeng wéi alle Membere vun der Ekipp e grousse Merci fir hiert Engagement gesot.