D'ACFL Fraen a Mamme Sektioun Käerch hu sech dëst Joer als Zil gesat, fir d'Recherche vum Kannerkriibs finanziell z'ënnerstëtzen. Si hunn de Laf vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner Lëtz Go Gold eraus gesicht, well do 3 Projeten an der Recherche ënnerstëtzt ginn. D'Fraen a Mamme Sektioun Käerch hu sech et net huele gelooss, fir op d'Fondatioun ze kommen an ee Scheck an Héicht vun 3000€ z'iwwerreechen.