De Luc Mergen hat sech een Challenge gesat, fir mam Klapprad de Mont Ventoux eropzefueren ...

... mä dat ass him net duer gaangen an hien huet sech geduecht, firwat net nach de Col de Stelvio ze fueren. Déi gréissten Erausfuerderung wor et, sech selwer ze iwwerwannen an iwwer Grenzen ewechzegoen an dat alles fir ee gudden Zweck.

De Luc Mergen konnt mat groussem Stolz der Fondatioun Kriibskrank Kanner ee Scheck an Héicht vun 3035.-€ iwwerreechen.

Hie spent dat Geld fir Kanner aus der Fondatioun déi een Voyage thérapeutique a Laponie maachen, wou si och mussen iwwert hir Grenzen eraus wuessen.