D’Mara Cruciani vu Crochets Solidaires huet zu Sandweiler eng Ausstellung organiséiert, wou hatt seng selwergemaachten Heekel-Kreatioune verkaf huet. Dat jonkt Fiona huet och entscheet, d’Fondation Cancer z'ënnerstëtzen, andeems hatt un dëser Ausstellung deelgeholl huet a seng Zeechnungen, déi hatt mat Bläistëft, mä och mat Faarwe gemoolt huet, verkaf huet. Zesummen hu si 1.101 € gesammelt, déi si dem Lucienne Thommes, Directrice vun der Fondation Cancer, den 13. November 2019 iwwerreecht hunn.