Dës Zomm ass den Erléis vum Fest bei der Aweiung vum Zärepesch bei dem alleguer déi Sëller Clibb matgemaach hunn.

E Freideg den Owend konnt an der Gemeng Sëll e Scheck vun 2.600€ un d'Wonschkutsch ASBL iwwerreecht ginn.

Present waren e Freideg d'Membere vum Gesang, der Musek, dem CGDIS, der Sëller Jugend, de Fraen a Mammen a  vun der Lucilinburhuc ASBL.