De Guy Christen hat sech ee grousse Challenge gesat an zwar 4300 Km "Pacific Crest Trail“ ze goen.

Hien huet sech des Erausfuerderung erausgesicht mat engem kloren Hannergedanken am Kapp. Hien wollt mat sengem Challenge och eppes fir Kanner maachen, deenen et leider net esou gutt geet an déi net de Choix am Liewen hunn.

De Guy Christen ass de laange Wee gaangen, wou e wonnerschéi Landschafte gesinn huet, intressant Leit kennegeléiert huet, mä wou et awer och alt mol ganz schwéier war, fir weiderzemaachen an dobäi huet hien un d'Kanner geduecht, déi am Alldag géint de Kriibs ze kämpfen hunn.

Duerch säi Projet "A Jouney on the Pacific Crest Trail", konnt hie Spenden an Héicht vun 13.500.-€ sammelen, déi hie voller Freed bei enger Scheckiwwerreechung un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreecht huet. Déi integral Zomm däerf agesat gi fir therapeutesch Projete mat de Kanner a geet virun allem un déi zwou geplangte Reesen a Finnland, wou d'Kanner mat Hëllef vu Schlittenhënn u sech selwer schaffe kënnen – e grousse Projet, deem dem Guy nosteet. Des kleng Feier war a Presenz vun all senge Sponsoren a Partner.