Am Kader vun den Feierdeeg um Enn vum Joer, huet Rinnen Constructions Générales decidéiert, d'Fondation Cancer mat engem Don vun 5.000 € z'ënnerstëtzen.

E schéine Solidaritéit-Geste! D‘Lucienne Thommes, wat an d’Raimlechkeete vun der Firma gaangen ass fir d‘Scheckiwwerreechung, huet alle Leit déi present waren, häerzlech Merci gesot fir hir wäertvoll Ënnerstëtzung.

Am Joer 2019 huet d'Fondation Cancer 25 Joer Engagement fir Patiente gefeiert. An et ass mat Hëllef vun der Generositéit vun hiren Donateuren, datt d‘Stëftung fäeg ass, de Patienten, déi wesentlech Ënnerstëtzung ze bidden, déi se mat de Konsequenze vun der Krankheet an hirem Liewen gutt gebrauche kënnen.