Schüler aus der Primärschoul vu Betzder a Maacher ënnerstëtzen CARE mat enger „Marche des 1 000 lumières“.

Scho fir d'zweete Kéier hunn sech an dëser kaler Wanterzäit honnerte Primärschüler zesumme fonnt fir CARE bei hirer „Marche des 1 000 lumières“ ze ënnerstëtzen.

D’Kanner hunn an hire Klasse Lampionen a Luuchte gebastelt, déi dann op engem Chrëschtmaart verkaf goufen. Esou konnte Kanner, Elteren, Grousselteren a Frënn versammelt ginn, fir d’Stroossen wärend dëser däischterer Zäit mat dausend Luuchten ze erliichten. CARE ënnerstëtzt duerch dës Aktioun Puppelcher wärend den éischten 1 000 Deeg vun hirem Liewen an hir Mammen am Niger, engem Land an dem bal ee vu véier Kanner ënner zwee Joer geféierlech ënnererniert ass.

Wéi schonns 2018 hunn sech de 14. Dezember iwwer 1 000 Léit an der Foussgängerzon zu Maacher versammelt an hu mat hire Luuchte fir Chrëschtdagsstëmmung gesuergt.

Den 18. Dezember gouf den Event eng éischte Kéier vun der Gemeng an der Schoul vu Betzder organiséiert. Am Kader vun hirem Chrëschtmaart hunn d’Kanner Luuchte verkaf a sech um Schoulhaff versammelt fir mat Chrëschtlidder ob déi festlech Zäit anzestëmmen.

CARE seet der Chancegläichheetskommissioun vu Maacher, der Gemeng Betzder an de Schoule vu Maacher a Betzder villmools Merci vir den Encadrement vun de Jonken an hiert Engagement, ouni dat dëst Event net méiglech gewiescht wier. Och e grousse Merci un all d’Elteren a Visiteuren déi dës 2 Eventer zu engem grousse Succès gemaach hunn.

Mat de Spenden déi esou gesammelt goufen, ënnerstëtzt CARE de Projet „Les 1 000 Premiers Jours“ am Niger.

Pit Bichel

Project Manager dayCARE/Events