Wonschkutsch steet net primär fir humanitär Hëllef, mä si ass awer op een Appell vun der Sozialschäffin vun der Stad Esch d'lescht Joer opmierksam ginn an huet spontan decidéiert, sech solidaresch ze weise mat de Sans-Abrisen.

Am Kader vum Zoppenowend an Abrisud hunn déi 2 Kutscher Marc an Patricia extra Thermoschlofsäck, déi kälteresistent sinn, an nécessaires de toilette un d'Madame Ragni, Sozialschäffin vun der Stad, iwwerreecht.