D'Associatioun Fraen an Mammen Habscht huet hiren traditionelle Basar den 7. Abrëll 2019 am Centre polyvalent zu Habscht organiséiert.

Eng Tombola, souwéi de Verkaf vu Kuch a Kaffi huet et erméiglecht eng Zomm vun 2.000 € ze sammelen!

D'Check-Iwwerreechung huet den 19. Januar an den Raimlechkeete vun der Associatioun stattfonnt. D‘Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer huet all den Persounen wou present waren häerzlech Merci gesot fir hiren Engagement fir Kriibspatienten.