Mat 90 Joer huet ee schonn esou munches am Liewen erreecht. D'Famill Kettenmeyer huet sech et net huelen gelooss fir deen Dag ganz grouss ze feieren.

D'Madame Kettemeyer huet deen Dag keng Kaddoen gewollt mee sie huet een ganz generéisen Don un Fondatioun Kriibskrank Kanner gemaach. Sie huet op hirem 90 Gebuertsdag hir Solidaritéit an hiren Wonsch de kriibskranke Kanner ze hëllefen zum Ausdrock bruecht an huet hir Gebuertsdagskollekt vun 1.600.-€ gespent.