Den Iernster Gaart an Heem hat d'Decisioun geholl, fir dëst Joer dem SOS Kannerduerf een Don ze maachen.

De Scheck an Héicht vun 1.500 Euro ass leschte Samschden, de 25. Januar 2020, am Kader vun enger klenger Feier iwwerreecht ginn. Bei der Geleeënheet, kruten d'Membere vum Gaart an Heem, vum Françoise Pütz vun SOS Kannerduerf Lëtzebuerg erkläert, wat d'Aktivitéite vum Kannerduerf sinn a firwat Spende gebraucht ginn.
SOS Kannerduerf Lëtzebuerg seet villmools Merci fir dee léiwen Empfank an dee schéine Gest.