Zanter eisem bestoen aus dem Joer 2017 probéiere mir, d'Mammejongen ASBL, all Joer sou vill wéi méiglech fir de gudden Zweck ze spenden.

Zanter eisem bestoen aus dem Joer 2017 probéiere mir, d'Mammejongen ASBL, all Joer sou vill wéi méiglech fir de gudden Zweck ze spenden. Et läit eis um Häerz, eng finanziell Hëllef deene Läit unzebidden, mat deenen et d'Liewen net sou gutt gemengt huet an hinnen domadder eng Hëllef an hirem Alldag ze sinn. D'Suen déi mer Spenden, generéiere mer duerch d'Organisatioun vun eegenen Tournoien (Petanque, Futtball, Darts) oder awer och duerch den eenzele Verkaf vun Iessen op aneren Evenementer wéi um ING Marathon, Nationalfeierdag oder och um Gaalgebeach zu Esch. Mee och de Verkaf vu Memberskaarten dréit säin Deel dozou bäi. Heimat soe mer dann och schonn all eise Membere Merci fir hir Ënnerstëtzung.

De primären Don vun all den anere Beneficer ass dëst Joer un d'ASBL „Schrëtt fir Schrëtt" gespent ginn. Dës ASBL ass dréngend un Donen ugewisen a schafft mat schwéier behënnerte Kanner a jonk erwuessenen zesummen, fir hinnen d'Liewen ze vereinfachen a se sou ze betreien dat se et packe verschidde Saachen am Alldag selbststänneg kënnen ze
erleedegen. Hei si mer dann och ganz stolz drop matzedeelen dat mer hinnen e Scheck vu 14.000 € konnten iwwerreechen. Mir hoffen dat mer domadder der Schrëtt fir Schrëtt ASBL kënne weiderhëllefen a wënschen hinnen nach vill Kraaft a Courage fir d'Zukunft.

Am Joer 2019 hu mer awer och mat de Kanner vun „Een Häerz fir Kriibskrank Kanner" Biller gemoolt a mat dëse Biller e flotte Kalenner zesummegestallt. Mam Verkaf vun dëse Kalennere gouf e Benefice vun 3.000 € realiséiert an dës Sue krut d'Associatioun „Een Häerz fir Kriibskrank Kanner" dann och per Cheque op der Assemblée générale iwwerreecht.

© Mammejongen ASBL