Iwwert d‘Wanterméint huet d'Heekelgrupp am Club Haus op der Heed zu Hëpperdang fläisseg fir de gudden Zweck geschafft. Dëst Joer gouf den Erléis vun hire Konschtwierker un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner gespent.

Mat vill Léift zum Detail an am Benevolat heekelen a strécken Dammen zanter Joren originell Déierefiguren, déi dann u Frënn a Bekannter, awer och op Mäert, am Club an engem Coiffeurssalon an an der Regioun verkaaft ginn. Dëst Joer koumen 3.000 Euro Spend beieneen.

No engem flotten Austausch an Erklärunge vun der Madame Denise Weimerskirch vun der Fondatioun gouf de Scheck a Presenz vun de Benevollen an hire Leederinne Jeanny Hentz a Christiane Meyer de Verantwortleche vun der Fondatioun an der Chargée de direction vum Club Haus op der Heed Tania Draut iwwerreecht.