All Joers organiséieren d'Veterane vum FC Una Stroossen ee Futtballturnéier, wou ganz vill Animatiounen an eng flott Ambiance ass.

Bei deem Tournoi sammelen d'Veteranen ëmmer fir ee gudden Zweck. Mat vill Freed konnte si dëst Joer ee Scheck vu 4.500 Euro un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreechen.