Am Kader vum Weltkriibsdag hunn d’Hôpitaux Robert Schuman d’Aktioun Let's Fight Cancer organiséiert fir d'Fondation Cancer z'ënnerstëtzen.

Fir all Foto hunn d'Hôpitaux Robert Schuman 1 € gespent. Duerch dës Aktioun konnt schlussendlech eng Zomm vun 2.000 € un d'Fondation Cancer iwwerreecht ginn.

D’Directrice, Lucienne Thommes, huet alle Bedeelegten häerzlech Merci gesot, fir hir Ënnerstëtzung, déi et der Fondation Cancer erméiglecht hir Missiounen ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.