D'Mara Cruciani vun Diddeleng huet eng grouss Passioun an zwar heekelen.

Si verbréngt vill Stonnen domadder an huet decidéiert dat fir een gudden Zweck. D'Mara engagéiert sech net eleng fir de gudden Zweck. Dat jonkt Fiona Wagner moolt ganz flott Biller, déi och zum Verkaf stinn.

Gemeinsam hunn d'Fiona an d'Mara de Projet "Crochet et Dessin" an Liewe geruff. Mat hirem groussen Asaz konnte si esou ee Scheck vun 1203,30 Euro un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreechen. Dësen Don geet ganz op den Lëtz Go Gold, eng solidaresch Course, wou ganz Kollekten an d'Recherche vum Kannerkriibs geet.