54 Firmen a méi wéi 500 Leit hunn de 17. September um virtuellen Event Luxembourg Times Business Run deelgeholl.

D'Participante sinn uechtert d’Land gelaf, fir d'Fondation Cancer z'ënnerstëtzen. Um Enn vum Evenement hunn d‘Organisateuren d'Zomm vu 6.000 Euro der Fondation Cancer iwwerreecht.

D'Fondation Cancer ass allen Bedeelegten, ob Participant oder Organisateur, immens dankbar fir hir Generositéit, duerch déi se hir Missiounen weider fërderen kënnen: Informéieren, hëllefen an ënnerstëtzen.