Den Benoît Scholtissen huet et de 16. September gepackt d’Spëtzt vum Mont Blanc ze erklammen.

Dës Aktioun wollt hien der Fondation Cancer widmen, andeems eng Spendenaktioun organiséiert gouf. Soumat konnt der Direktesch vun der Fondation Cancer, Lucienne Thommes, eng Zomm vun 1.350 € an den Raimlechkeete vun der Stëftung iwwerreecht gi.

D’Fondation Cancer ass immens dankbar fir dës Solidaritéits-Aktioun, déi et erméiglecht hir Missioune weiderhin ze fërderen:  Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.