„D'Sandra Lakie ass eng engagéiert Kënschtlerin, déi eent vun hire Biller zum Verkaf gebueden huet, an esou konnten d'Leit, déi intresséiert waren, fir dat flott Bild bidden.

Mat hirer flotter Aktioun ass esou eng Kollekt vun 1.081,60 € zesummekomm, déi an engem flotte Kader bei der Associatioun Alive Plus ASBL zu Esch un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreecht ginn sinn.